Infos - Photographiques

D'FLPA proposéiert eng Demonstratioun a Promotioun Tour vu Rollei.

De Fotograf Harald Kröher aus Däitschland mécht eng Demonstratioun am Studio vu Camera Luxembourg vun de neien HS Freeze Studio-Blëtzer.
An dëser Virféierung mat engem oder zwee Modellen weist hien ons ënnerenaner verschidden Techniken déi een mat dëse Blëtzer maache kann wéi:
* High Speed Sync bis 1/8000 Sek.
* Freeze Modus bis 1/19000 Sek.
* Synchronisatioun op den 1. an 2. Verschloss.
Ënner www.rollei.de sinn dës Blëtzer och nach am Detail erkläert.
Datum: Samschdeg 28. Abrëll vun 13:00 Auer un bis ongeféier 18:00 Auer.
Wou: Am Studio vu Camera Luxembourg - Centre des Sociétés - Avenue Victor Hugo - Limpertsberg
Fir all Fotoclibb déi u Studiofotografie Interessi hunn, kenne roueg 2 Fotografen mat hirem Fotoapparat kommen fir selwer Biller ze maachen.
Zousätzlech Informatiounen ginn et beim Yvan Piazza 621 646 461 oder piazza.yvan@pt.lu

 

De Photo-Club Käerch organiséiert eng Rees op d'Photokina 2018

 

 

 

Léif Frënn vun der Photographie.

Och dëst Joer organiséiert de Photo-Club Käerch eng Rees op d'Photokina, an zwar Mëttwochs den 26. September 2018. Reservéiert Iech deen Datum.

D’Detailler vun der Rees gin Iech spéider matgedeelt.

Mat beschte Gréiss

Photo-Club Käerch